Déi véiert Woch
vum 23. bis 27. September

    Dem BIO-Bauer säi ganze Stolz 

    D'Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg a.s.b.l. organiséiert 2026 fir déi 4. Kéier d'BIO-Woch, mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture souwéi vu villen Sponsoren. Ab dem 23. September, dem Europäeschen Dag vun der Biologescher Landwirtschaft, steet ganz Lëtzebuerg am Zeechen vum BIO-Landbau.

    „Dem BIO-Bauer säi ganze Stolz“ ass och an dësem Joer de Slogan vun der Campagne.

    D’BIO-Woch 2026 ass eng grouss Sensibiliséierungs-Campagne, déi sech dëst Joer op d’Produzenten an d‘Konsumente fokusséiert. D'Zil ass et, déi Mënsche sichtbar ze maachen, déi sech am Alldag fir d'BIO-Landwirtschaft asetzen, duerch hir Aarbecht oder hiren Akaaf.

    Am Mëttelpunkt stinn aacht Botschafter, véier Produzenten a véier Konsumenten, déi hir Geschicht an hir Iwwerzeegung mat eis deelen.

    Dorënner de Greg Colling, BIO-Bauer vum Karelshaff, d'BIO-Wënzer Mathieu an Nicolas Schmit-Fohl vum Domaine Schmit-Fohl, de BIO-Bauer Pol Fischbach vum Biohaff Fischbach, de BIO-Imker Marc Thiel, de Steve Lentz, Chef-Kach an der Hotelschoul, Kirsty von Boch, Food-Journalistin, de John Schlammes, Expert an Ayurveda a Yoga an Aurélie Wagener, Influencerin.

    D'Campagne riicht sech u jiddereen, dee méi iwwer BIO-Liewensmëttel wësse wëll, wou se hierkommen, wéi se produzéiert ginn a wat BIO konkret heescht. 

    Vum 23.-27. September gëtt et e Programm mat Kachcoursen, Workshops, Verköstigungen, a Portes Ouvertes bei de BIO-Betriber. Konsumente kënnen hannert d'Kulisse kucken, Produzente kenneléieren a selwer kache léieren. Et ginn och Ateliers an Informatiounsstänn ronderëm Theme wéi Ernärung wärend der Schwangerschaft, mat der Spezialistin Maxi Pesch fir Kannerernährung, proposéiert.

    Zousätzlech weise Feilschëlder an zwielef Gemengen de Wee zu de BIO-Betriber an ärer Noperschaft. A verschiddene Supermarchéë fannen d‘Konsumenten Feilschëlder mat Kilometerugaben zum nächsten BIO-Bauer an der Noperschaft. All Schëld ass mat engem QR-Code ergänzt a verlinkt esou op Informatiounen iwwert de jeeweilege Betrib.

    Gitt Partner vun der BIO-Woch an ënnerstëtzt domat d’Lëtzebuerger Bio-Produzenten.

    Fra an der (Bio-)Landwirtschaft

    Dëst Joer ass d'Joer vun der Fra an der Landwirtschaft. Stay tuned fir méi Informatiounen zu dësem wichtegen Thema.

    Lerne drei unserer Bäuerinnen kennen:

    Tessy Brisbois

    Mein Name ist Tessy, ich bin 31 Jahre alt, verheiratet und Mutter von zwei Kindern.

    Nach dem plötzlichen Tod meines Vaters im Jahr 2025 musste ich in relativ kurzer Zeit entscheiden, was ich mit dem Betrieb mache. Für mich war relativ schnell klar, dass ich auf die Rasse Angus wechsle und den Bestand verringere. Wie es der Zufall so will, durfte ich ein ganze Herre übernehmen.

    Dass ich auf Bio umstelle, war ebenfalls relativ schnell klar, weil mir sowohl die Natur als auch die Tiere sehr am Herzen liegen. Da  unsere Tiere ausschließlich Futter aus eigener Produktion erhalten, gab es eigentlich nur den Weg zu Bio.

    Als Frau ist es in der konventionellen Landwirtschaft oft sehr schwierig. Das habe ich vor allem nach dem Tod meines Vaters spüren müssen. Bei den Biobauern fühle ich mich jedoch sehr gut aufgehoben, und es gibt deutlich weniger Konkurrenzkampf.

    Bio bedeutet nicht nur, auf das Spritzen zu verzichten, sondern viel mehr. Es bedeutet Zusammenhalt, Innovation, Fortschritt und ein "Wir" – einen gemeinsamen Weg, auch als Frau.

    Caroline Witry-Massard

    Zënter 2012 schaffen ech op eisem Bauerenhaff. Bio-Landwirtschaft steet fir mech fir Aartevillfalt, Déierewuel, héichwäerteg Liewensmëttel an Nohaltegkeet.

    Als Bauerefra a Léierin weisen ech, wéi wichteg d’Roll vun de Fraen an der Landwirtschaft ass: Si droe Verantwortung a bréngen nei Iddien an. Mat „MuhltiKUHlti“ maachen ech d’Diere vun eisem Bio-Mëllechbetrib op.

    Am Véier-Joreszäite-Projet erliewen d’Kanner, wéi d’Natur d’Déieren an d’Aarbecht um Haff beaflosst. Bei all Visitt kucken si als Éischt nom Wuel vun den Déieren, zum Beispill beim Fidderen.

    Donieft maachen si Botter, Müsli, Frëschkéis oder Brout. Dobäi entdecken si, datt all Handlung Spueren hannerléisst – an datt bewosst Entscheedungen eng lieweg Zukunft fir d’Natur wuesse loossen.

    Marie Kox

    Marie Kox, 33 Jahre alt, ist die sechste Generation des Weinguts Sunnen-Hoffmann, das sie heute gemeinsam mit ihrer Mutter führt. Das in Remerschen gelegene Weingut feiert 2026 das 25-jährige Bestehen seiner Umstellung auf biologischen Weinbau – ein wegweisender Schritt in Luxemburg.

    Überzeugt davon, dass große Weine aus einem lebendigen Ökosystem entstehen, setzt Marie dieses Engagement mit Leidenschaft fort und verbindet den Respekt vor der Natur mit Innovation und familiärem Know-how.

    Ihr Ziel ist es, authentische Weine zu produzieren, die ihrem Terroir treu bleiben, das Weingut gleichzeitig auf die Herausforderungen der Zukunft vorzubereiten und die Luxemburger Weine über die Landesgrenzen hinaus bekannt zu machen.

    Eis Sponsoren

    made in
    Luxembourg

    Wou kann een zu Lëtzebuerg
    regional Iesswuere kaafen?